E Réckbléck op 2025
DeepSeek, nei US-Tariffer, e méi schwaachen Dollar an eng ëmmer méi aktiv Roll vum Wäissen Haus: D'Finanzmarchéen hunn 2025 erëm bewisen, wéi séier sech Narrativer dréine kënnen. An dëser Episod zéien de Julien Ensch, Head of Client Relationship Management bei Spuerkeess, de Nick Huberty an de Julien Kohn, allebéid Portfolio Manager, och bei Spuerkeess, e Bilan vun engem Joer voller Volatiliéit. Zesumme mam Bryan Ferrari, analyséieren si, wat dës Entwécklunge fir europäesch Investisseure bedeiten a bedeit hunn. Am Fokus stinn net nëmmen Aktien a Wärungen, ma och d'Roll vun Zentralbanken, Gold, K.I. an Energie. A wéi ëmmer bleift d'Schlësselfro: Wou läit de Risiko – a wou nach d'Potenzial fir déi nächst Méint?
Essentials - Een anert Joer geet zu Enn
Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Joer 2025. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "E Réckbléck op 2025" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 2. Januar.
Main dans la main pour une rénovation durable
Depuis quelques années, la rénovation énergétique s’impose comme un levier essentiel de la transition climatique. Entre aides publiques, réglementations en évolution et exigences de performance, les particulier·ère·s cherchent des solutions concrètes pour adapter leurs logements sans se perdre dans la complexité administrative et technique. Dans cet épisode, Bryan Ferrari explore avec Alexandra Kugener (Spuerkeess), Arnaud Duban (Energieagence) et Michel Marx (Spuerkeess) la collaboration entre la banque et l’Energieagence, née pour mieux accompagner les client·e·s dans leurs projets de rénovation. Ensemble, ils·elles expliquent comment le rôle de conseiller·ère logement évolue vers celui d’Energy Coach, alliant expertise financière et compréhension technique. De la planification au financement, en passant par la valorisation du bien et la maîtrise des coûts, cet épisode met en lumière une ambition commune : rendre la transition énergétique accessible, concrète et durable pour tou·te·s. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
Essentials - Energy Coachen
Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mat den Energy Coachen. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Main dans la main vers une rénovation durable" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 14. November.
Aktien, Zënsen a Geopolitik: Wou stinn d’Finanzmarchéën?
US-Exceptionalism, d'Tariffer vum Donald Trump, d’Erausfuerderungen, déi déi nei chinesch KI-Entwécklunge mat sech bréngen a steigend Zënsen: D’Finanzmarchéën hunn am éischte Semester vum Joer 2025 staark Beweegunge matgemaach. An dësem Episod analyséieren den David Schmit, Private Banking Advisor bei der Spuerkeess, an de Julien Kohn an Nick Huberty, allebéid Portfolio Manager bei der Spuerkeess, zesumme mam Bryan Ferrari, wéi europäesch Investisseuren vun dëse Mouvementer betraff sinn. Natierlech beäntweren se och d’« Fro vun de Froen »: Wéi geet et am zweete Semester weider? Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.