Fir den 80sten Doudesdag vum Resistenzler Camille Sutor, 18/06/2024
"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn. "Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert. Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen.
"The Heart Pyre" eng interaktiv Fantasy-Serie vum Audrey Martin, 09/05/2024
An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith" Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op déi Froen déi hat net méi lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gëtt et Hoffnung fir op d'mannst seng Schwëster lieweg erëmzefannen? Dem Maya säi Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mä hat wäert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fënnt hat nei Frënn déi hat bei senger Sich ënnerstëtzen. "A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann.
Bréiwer aus aller Welt: "A Pint of Fish Fingers - Tales of a Wonderer", 08/04/2024
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...
Wann d'Welt an d'Rutsche geréit: "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger, 27/03/2024
Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet... "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm
"Kappgras" en Erzielwierk vum Nico Helminger, 20/03/2024
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun? E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn? A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet. "Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm