Wann et deene béisen Noperen net gefällt, 24/05/2025
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf. 2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen. "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm. Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad
Wat gelift? Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vum Jillian Petry, 08/05/2025
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.
Vill Mier a vill Tréinen, 16/04/2025
Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025 Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser. Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann. "Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.
"Stein schreiben", 08/03/2025
Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt. De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan. D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025) Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023) De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids) D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen. Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!
Eng däischter Säit vu Lëtzebuerg, 21/02/2025
"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy "Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dobäi an en Harespelsnascht aus Mobbing, Muechtmëssbrauch a Mord. D'Polizistin léisst sech dovun awer net découragéieren. Hire Virwëtz ass gestëppelt a si huet net wëlles kleng bäizeginn. Do dernieft muss si sech och mat private Verännerunge beschäftegen, déi hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien. Der Claude Dominicy ass e spannende an däischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll? Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gäere liest a wéi eng Zukunftspläng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet. "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am däitsche Gmeiner Verlag erauskomm.